top of page

D'Postdauf an den Schnellzuch

Stenges Anna - 1990

Si sutz op der eisen Dunn

Zu München an der Stazioun.

Hie Stung op der eise Bunn

Scho bereet fir eng Missioun.

-Joffer Dauf, wat sid dir léif

Huet hie geflëschert wéi en Elf.

-Wéini kéint mäi Liebensbréif,

Huet si gepëschpert fir sech self.

Hie war wéi eng laang Bounestaang

A gemoschtert wéi ee Clown.

Si huet hiirt bescht Kleed ugehaang

An och déi schéinst Plëmmchen un.

- O Här Zuch wéi kann et sin

Datt Dir alles schon hutt gesinn ?

-Ech si déi bescht Mall ! 

De Champion vun hinnen all !

Si huet geklappt, gerëselt de Kapp

An husch war se wéi de Wand.

Hien huet séch nach viru gebrätzt am grousse Schlapp.

An as er nët erno koum, wat eng Schand !

- Waart, huel méch dach mat

Ruff am hächen den Här Schnellzuch

- A wat nach, du Kräitz vum Schmatt,

Sot d'Postdauf, ech hun déenges genug.

A si war husch, iwer Bësch a Knupp.

Vu Baach zu See as si geflunn,

Ëmmer méi séier, wéim Jëer säi Mupp.

Am gréngen Dall as hien er no gezunn.

- Hëllef, hëllef, hëllef koum ee Kreesch,

Vum Himmel bis zur Hell !

- Wat as ? Wat as ? Wat as ? Elo gët et eesch,

As gebronnt gin am Tunnel.

Zur Luucht koum hie geschoss

A säint laangt Këssen ausgespreet,

Huet opgefaang d'Dauf am Verdross

A se op d'Häerz gedréckt mat Freed.

- Méng Léif Postdaifchen, bleif do

Op méngem Reck, an nët emsoss.

-Du gudde Schnellzuch, esou no

Bleiwen ech bäi dir mat Genoss!

Créé par sa fille, Yolande Mathey et son petit-fils Rudy Mathey, 2018

Ce site utilise des cookies.  Vous pouvez les supprimer via votre navigateur.

Vos données, lorsque vous remplissez le formulaire de contact ou nous contactez par mail ne servent qu'à vous informer de nos activités.  Vos données ne seront jamais communiquées à des tiers.  Vous avez le droit de vous désabonner, de demander que l'on ne vous envoie plus de mail et de demander à voir les données qui vous concernent.  Vous avez le droit de demander le retrait d'une photo si vous y figurez, ou de demander à ce que votre visage soit flouté.  Utilisez le formulaire de contact à cet effet.

bottom of page